Musek huet schonn ëmmer eng Roll a sengem Liewe gespillt. Aus enger Passioun huet hie säi Beruff gemaach. An och wann d'Organisatioun vu Concerten a Pandemieszäiten alles anescht wéi evident ass, kann sech de Michel Welter vum Atelier kee bessere Job virstellen. Mam Claudia Kollwelter huet hien ënnert anerem driwwer geschwat wéi de Secteur vun der Live Musek nach ëmmer ënnert Corona leit, wéi den Atelier awer och scho ganz fréi no Alternative gesicht huet fir weider kënnen ze schaffen an op wat hie sech a Punkto Musék dëst Joer am meeschte freet:

15/01/2022 Podpurri Michel Welter 13h15