De Summer iwwer kucke mer zréck op eise Kultur Podcast Podpurri. Haut mat der däitsch-lëtzebuergescher Schauspillerin Sarah Grunert, déi an Däitschland schafft a lieft awer och ëmmer nees op Lëtzebuerg kënnt.
Nieft dem Spillen, schreift d'Sarah Grunert awer och an huet mat der Geschicht "Bea Beutelratte will sich fledermausen" e Kanner-Hörspiel geschriwwen, dat als CD erauskomm ass. Am Februar war et och op der Bün vum Cube zu Maarnech ze gesinn.
Am virtuelle Studio tëscht Berlin a Lëtzebuerg hat d'Sarah Grunert dem Christiane Kremer méi doriwwer verroden.

03/02/2022 Podpurri Sarah Grunert 11h45