De Summer iwwer kucke mer zréck op eise Kultur Podcast Podpurri vun dëser Saison. Den Emile Schlesser huet dëst Joer en neie Kuerzfilm mam Titel "Kowalky" erausbruecht an schafft elo un engem long métrage. De Filmkënschtler huet donieft mam Claudia Kollwelter iwwert säin Nomadeliewen tëscht Düsseldorf a Lëtzebuerg geschwat, e grousse Projet am Kader vun Esch2022 an erkläert wat et bedeit Synästhetiker ze sinn. D'Passioun fir de Film, déi huet den Emile Schlesser zanter klengem un.

04/08/2022 Best of Emile Schlesser 11h45