De Summer iwwer kucke mer zréck op eise KulturPodcast Podpurri. Den 3. Abrëll sinn d'Makadammen eng leschte Kéier mat hirem Best-Of Programm "20" opgetrueden  an dat war et no 20 Joer mam Frae-Cabarets-Grupp.
An all de Jore si se uechtert d'Land opgetrueden an hu vill zesummen erlieft. Nach virun hirem leschten Optrëtt hu se bei enger vun den Makadammen doheem dem Christiane Kremer bei Kuch a Cremant vill erzielt: vrun allem emol wéi alles ugaangen ass. D'Makadammen stelle sech dann och direkt selwer vir.

09/08/2022 Best of Podpurri - D'Makadammen