De Summer iwwer kucke mer zréck op eise KulturPodcast Podpurri. 2 Joer hat e musse waarden, fir endlech am renomméierste Concertssäll vun der Welt kënnen opzetrieden. No der laanger Pandemie-Zäit war et am Mäerz esou wäit: am Musikverein zu Wien huet de Gast Waltzing e Concert mam Angélique Kidjo gespillt an dono nach zu Sankt-Pölten a Mulhouse. Viru 6 Joer gouf et jo fir Kidjo/Waltzing/OPL e Grammy fir den „Best World Music Album".


Am Virfeld huet den Gast Waltzing bei sech doheem dem Christiane Kremer erzielt iwwer dësen Tripp, awer och iwwer déi schwéier Zäit vun der Panemie an iwwer d'Pensioun.

11/08/2022 Best of Podpurri Gast Waltzing