De Summer iwwer kucke mer zréck op eise KulturPodcast Podpurri. "Endlich noch nicht angekommen" ass den Titel vum Buch, dat d'Désirée Nosbusch an Zusammenaarbecht mam Journalist Jochen Siemens beim Ullstein-Verlag erausbruecht huet: E Buch iwwert hiert Liewen, eng Biographie, wann och - mat 56 Joer kee Wonner - nach keng komplett, wéi den Titel scho verréit.

An engem längere Gespréich mam Christiane Kremer am März am Kasemattentheater, huet d'Désirée Nosbusch dem Publikum mat vill Charme a mat Humor hiert Liewen erzielt: iwwer déi grouss Momenter, déi schwéier Zäiten, déi vill Zweifel, déi wichteg Mënschen an hirem Liewen an den Hin- an Hier tëscht den USA an Europa. Los Angeles war laang d'Plaz vun der Famill, do wou och d'Kanner Lennon a Luka Kloser liewen a schaffen.

13/08/2022 Best of Podpurri Désirée Nosbusch