33,7 heescht e ganz verréckte Projet, deen den Ensemble United Instruments of Lucilin fir Esch 2022 proposéiert huet. 33,7 steet fir 33,7 Stonne Musek-Non-Stop. A wann een dat ëmrechent a Minutten, kënnt een op 2022! De Weekend leeft, dat alles an der KUFA zu Esch.

13/09/2022 Festival 33,7 - E Projet vu Lucilin

Lucilin, déi jo vrun allem an der zäitgenëssescher Musek doheem sinn, hu schonn ëmmer speziell Iddie gehat fir Concerten z'organiséieren. Deen hei passt an d'Konzept seet d'Florence Martin, d'Co-Directrice vu Lucilin.

D'Iddi hannendrun war et fir d'Diversitéit vun der Musek a besonnesch der zäitgenëssescher Musek ze weisen, awer och d'Diversitéit vun de Mënschen, déi an der Regioun vun Esch2022 liewen.

Ganz eléng kënnen d'Museker vu Lucilin dëse Marathon natierlech net meeschteren. Et gëtt Verstärkung, Invitéen, Ensembelen, DJen.

Am Ganze ginn et 10 Bünen, 15 Welturopféierungen, 80 Wierker, 122 Nationalitéiten, dorënner och d'Lëtzebuerger Francesco Tristano a Camille Kerger.

Lass geet de Projet 33,7 e Samschdeg (17.9.) de Moien um 10 Auer an en dauert bis e Sonndeg Owend 8 Auer an alle Säll vun der Kulturfabrik. Den Entrée ass iwwregens gratis.