Ass vun enger Komedie oder engem Musical rieds, denkt ee wuel kaum un Ofdreiwung. Ma genee dëst Tabuthema huet déi Lëtzebuerger Schauspillerin a Regisseurin Larisa Faber an hirem neiste Projet opgegraff, deen am Kader vun Esch 2022 presentéiert gëtt. "Good Girls" nennt sech des Theaterproduktioun, déi dem Public vermëttele soll, dass ee Schwangerschaftsofbroch net per se en traumatescht Erliefnis ass. D‘Sandy Elsen.

08/11/2022 Good Girls

Den 10. November ass no der Opféierung dann och eng Table ronde mam Planning familial.