"Aline Mayrisch-de Saint Hubert - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur" heescht d'Buch, dat déi fréier Direktesch vum Literaturarchiv zu Miersch Germaine Goetzinger geschriwwen huet. Am Mëttelpunkt steet d'Fra vum Emile Mayrisch, engem vun de Patrone vun der ARBED. D'Aline Mayrisch huet sech bis zu hirem Doud 1947 op sozialem, gesellschaftspoliteschem a kulturellem Plang engagéiert.
Do war d'Gläichstellung vun de Fraen en Theema, mee och d'Relatioun an de kulturellen Austausch tëscht Däitschland a Frankräich nom 1. Weltkrich, wéi d'Germaine Goetzinger dem Christiane Kremer erzielt huet.

17/11/2022 Podpurri Episod 91. D'Germaine Goetzinger 11h50