"Aline Mayrisch-de Saint Hubert - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur" heescht d'Buch, dat déi fréier Direktesch vum Literaturarchiv zu Miersch Germaine Goetzinger geschriwwen huet. Am Mëttelpunkt steet d'Fra vum Emile Mayrisch, engem vun de Patrone vun der ARBED. D'Aline Mayrisch huet sech bis zu hirem Doud 1947 op sozialem, gesellschaftspoliteschem a kulturellem Plang engagéiert. Si huet de Meedercheslycée mat gerënnt, d'Maternité mat konzipéiert a sech och nom 1. Weltkrich fir e kulturellen Austausch tëscht Däitschland a Frankräich agesat.
Joerzéngtelaang huet d'Germaine Goetzinger un dësem Buch geschafft an dobäi vill Intressantes entdeckt, wéi se dem Christiane Kremer erzielt huet.

19/11/2022 Podpurri Ep. 91 D'Germaine Goetzinger 13h10