Jazz-Musek ganz visuell a faarweg erliewen, dat ass d'Iddi hannert dem Projet "Synästhesia", dee vun haut bis e Sonndeg op der Schmelz zu Diddeleng ze gesinn ass. Op der Bün en Trio zu 4 - Reis-Demuth-Wiltgen hunn de Projet zesumme mam Filmkënschtler Emile Schlesser am Kader vun Esch 2022 entwéckelt huet. D'Christiane Kremer krut en éischten Abléck.

25/11/2022 Concert "Synästhesia" Op der Schmelz

Et steet ee matten am Sall - déi eng Säit eng grouss Spigelwand an déi aner Säit d'Bün op där hannert engem duerchsiichtegen Ecran d'Museker setzen: de Michel Reis um Piano, de Marc Demuth um Kontrabass an de Paul Wiltgen op der Batterie. An als véierten de Cineast Emile Schlesser hannert dem Computer. Et ass net déi éischte Kéier, datt si zesumme schaffen. Déi lescht Videoe vum Trio goufe vum Emile Schlesser realiséiert. "Synästhesia" ass elo eng Zesummenaarbecht, déi vill méi wäit geet a vill méi perséinlech ass. Den Emile Schlesser ass nämlech Synästheet: dat heescht hie gesäit vru sengen Ae Formen, Mouvementer, Biller a Faarwen, wann e Musek lauschtert, Mat 15 Joer ass him dëse neurologesche Phänomän bewosst ginn.

Fir den Trio Reis-Demuth-Wiltgen ass dëse gemeinsame Projet och eng grouss Erausfuerderung, sou de Pianist Michel Reis. 

Fir dës nei Efarung hu sech d'Museker dann och decidéiert nei Kompositiounen ze realiséieren. De Setting ass méi wéi just e Concertssall.

Et ass eng Installatioun.

Toun a Faarwen a Biller a Bewegungen - en absolut sënnlecht Erliefnes, dat engem och d'Welt vun engem Synästhetiker méi no bréngt.

De Programm dauert ongeféier 1 Stonn an et sinn all Kéier 3 Virstellungen e Freideg, Samschdeg a Sonndeg.