De leschten Donneschdeg kruten déi jonk Museker Emma Santini a Yanis Grisó de Prix Mameranus iwwerreecht. Dëse Präis zeechent jonk Kënschtler bis 30 Joer aus. 
Béid si Joergank 2003, béid spillen e Sträichinstrument, de Yanis Gei an d'Emma Braatsch (Alto) a béid studéiere Musek, de Yanis um Conservatoire zu Mastricht an d'Emma op der Julliard School zu New York.

29/11/2022 Podpurri: Episod 93 D'Emma Santini an den Yanis Grisó