Esch 2022 ass elo op en Enn gaangen, ma eis Journalisten hu sech alleguer e Coup de coeur ënnert de ville Projeten erausgesicht, déi et am Kader vum Kulturjoer goufen. De Pit Pixius kuckt haut op de Projet "In the Field" zeréck:

29/12/2022 Coup de coeur Esch 2022 "In the field"

De Projet "In the field" ass wéi den Numm et scho seet dobaussen. Den Ensemble 2.2 vu Stroossbuerg huet am Kader vun Esch 2022 eng App entwéckelt fir seng Ëmwelt nei ze entdecken. Fir lasszeleeën, muss ee just d'App mam Numm "GOH" eroflueden a sech op den Ufank vun engem vun den Trëppeltier stellen. Iwwert den Handy gëtt ee lokaliséiert an ëmmer wann een op eng nei spannend Plaz kënnt, kritt een e weideren Deel vun enger Geschicht erzielt.

6 Parcourse kann een am Ganzen maachen. Een dovunner erausgepickt, dee mer et speziell ugedoen huet, ass deen vun Thil hei vir a Frankräich.

Hei gëtt den zweeten Weltkrich opgeschafft an un däischter Kapitelen vun der Geschicht erënnert. Et trëppelt een vun engem Konzentratiounslager bis bei d'Mine du Tiercelet wou d'Prisonéier gezwonge goufen ze schaffen. Um Wee gëtt engem erzielt vu Gefaangenen a wat se alles erlieft hunn wärend hirer Zäit zu Thil an dono.

Awer net all hir Trëppeltier sinn esou däischter. Zu Villerupt kann een duerch den Zenter vun der Stad goen an d'Architektur an d'Geschicht vun der Uertschaft entdecken. De Gaetan Gromer vum Ensemble 2.2 erkläert.

Mäi Coup der coeur ass also wäit ewech ass vu grousse Fester, vill Luucht a Kaméidi. Et ass e Projet, deen och net un en Dag oder eng Auerzäit gebonnen ass. Et ass eng flott Aart a Weis fir Geschicht opzeschaffen respektiv e Krimi net just ze liesen mee wärend engem Trëppeltour richteg ze erliewen. Et ass e perfekten Projet fir déi Leit, déi net mussen an der éischter Réi op engem Concert stoen. En huet d'Potential engem jonke Public Geschicht bewosst ze maachen an eeler Leit d’Méiglechkeeten vun engem  Smartphone ze weisen.

E Projet iwwert deen net immens vill geschwat gouf, ma deen et sécherlech wäert ass elo nach emol ze ernimmen.