Aus de sëlleche Projeten an Eventer vun der Kulturhaaptstad Esch2022, huet sech d'RTL-Kulturredaktioun e puer Coup de coeuren erausgepickt. Als leschten stellt d'Christiane Kremer "Synästhesia vir, dat heescht e visuell a faarwegen Jazz-Concert.

31/12/2022 Coup de coeur Esch 2022 Synästhesia
RTL

Et steet ee matten am Sall - déi eng Säit eng grouss Spigelwand an déi aner Säit d'Bün op där hannert engem duerchsiichtegen Ecran 3 Museker setzen: de Michel Reis um Piano, de Marc Demuth um Kontrabass an de Paul Wiltgen op der Batterie - kuerz Reis-Demuth-Wiltgen. An als véierten ass de Filmkënschtler Emile Schlesser hannert dem Computer derbäi. All Toun vu Piano, Bass oder Batterie kritt am Raum op eemol eng Form oder eng Faarf oder eng Beweegung an dat ëmmer dem Rhythmus an dem Tempo vun der Musek ugepasst. Et ass ee quasi an engem 3D-Univers, deen och nach akustesch eng Dimensioun derbäi huet.
Et war net déi éischte Kéier, datt Reis-Demuth-Wiltgen a Schlesser zesummegeschafft hunn, ënner anerem bei de Videoe vum Trio. "Synästhesia" war awer eng Zesummenaarbecht, déi vill méi wäit gaangen ass a vill méi perséinlech war.. Den Emile Schlesser ass nämlech Synästhetiker: dat heescht hie gesäit vru sengen Ae Formen, Mouvementer, Biller a Faarwen, wann e Musek lauschtert, Mat 15 Joer ass him dëse neurologesche Phänomän bewosst ginn.

Fir dës nei Erfarung haten d'Museker decidéiert nei Kompositiounen ze realiséieren. De Setting war méi wéi just e Concertssall. Et war eng richteg Installatioun.
Toun a Faarwen a Biller a Beweegungen - en absolut sënnlecht Erliefnes, dat engem och d'Welt vun engem Synästhetiker méi no bréngt.