"Aline Mayrisch-de Saint Hubert - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur" heescht d'Buch, dat déi fréier Direktesch vum Literaturarchiv zu Miersch Germaine Goetzinger geschriwwen huet. Am Mëttelpunkt steet d'Fra vum Emile Mayrisch, engem vun de Patrone vun der ARBED. D'Aline Mayrisch huet sech bis zu hirem Doud 1947 op sozialem, gesellschaftspoliteschem a kulturellem Plang engagéiert. Si war mat dru bedeelegt, datt et 1909 e Meedercheslycée ginn ass. 
Dem Christiane Kremer huet d'Germaine Goetzinger och erzielt wéi se zur Iddi fir d'Buch komm ass.

31/12/2022 Best of Podpurri Germaine Goetzinger