Medie ginn iwwer verschidde Weeër kommunizéiert. An de Bicher an an der Zeitung gëtt geschriwwen. Hei um Radio gëtt geschwat an nogelauschtert. De Fernsee gehéiert zur audiovisueller Kommunikatioun. Den Avancement vun der Technik huet eis mat der Zäit ëmmer méi Méiglechkeete ginn, dass d'Mënschheet iwwert di ganz Welt matenee kommunizéiere kann. De leschten Trend vun der Technik ass di virtuell Realitéit oder "VR". Déi huet deslescht, a villäicht e bëssen iwwerraschend, och am Theater Fouss gefaasst. De Pit Pixius war an de groussen Theater kucken an erzielt eis wéi se dat ëmgesat hunn :

30/12/2022 Le bal de Paris - virtuell Realitéit am Theater

Am Stater Theater geheie se den Ament alles op d'Kopp. Am Stéck "Le Bal de Paris" vum Blanca Li ginn et keng Sëtzplazen. D'Dekoratioun hu se einfach ewech gelooss an duerch schwaarz Decken ersat, an als Spectateur muss ee souguer selwer op d'Bün. Dat ass méiglech oder besser gesot néideg, well d'Stéck net an eiser Welt spillt mee an enger virtueller, di extra fir d'Stéck geschaaft ginn ass. D'Produzentin vum Stéck Blanca Li erzielt wat se sech dobäi geduecht huet :

J’avais très envie de créer quelquechose qui se passe dans le monde virtuel mais pas dans un monde virtuel où on est juste témoin, où on regarde uniquement les choses qui se passent. Je voulais qu'il y a une vraie rencontre dans le monde virtuel avec les spectateurs et les danseurs. C'est comme si les spectateurs ils montaient sur le plateau pour danser et pour faire parti du spectacle, pas seulement dans son siège à regarder.

Et ass een als Spectateur en Deel vum Stéck. Da kann ee schlecht an der Loge bleiwen, dat wier jo langweileg. Wann een ukënnt geet een also op d'Bün wou een equipéiert gëtt mat Sensoren, engem Brëll, a Kopfhörer. Den Direkter Tom Leick erzielt eis wat een erwaarde ka wann et lass geet :

Deen Moment daucht een dann an eng ganz aner Welt an di natierlech technesch an der virtueller Realitéit geschaaft ass. D'Dänzer vum Blanca Li sinn och do an da gëtt een an eng Geschicht embarquéiert, dat heescht et huet een fantastesch Dekoren. Et geet ee vun engem risege Ballsaal zu Paräis, et gëtt ee mat engem Schëff iwwert e Séi gefouert an e magesche Park a sou weider a sou virun. Dobäi kritt een nach eng Geschicht erzielt an et gëtt een invitéiert fir ze danzen.

De Fakt, dass ee sech selwer, aner Spectateuren an och di professionell Dänzer an der erfonntener Welt gesäit, héiert a spiert, mëscht dat ganzt zu engem eemolegen Erliefnis. D'Rees dauert ronn 35 Minutten, uschléissend gëtt een iwwert en Danzatelier erëm an eis Welt zeréck geholl. D'Stéck leeft vun elo bis de 7te Januar, a Silvester gëtt de Programm esouguer nach erweidert. D' Yasmine Kauffmann aus de Stater Theateren verréit eis wat ugebuede gëtt :

Et kann een wann ee Loscht huet Silvester hei ze féieren dat traditionell hei maachen mat engem Walking Dinner deen mer hei ubidden an Zesummenaarbecht mat der Brasserie Schumann. Do kënnen d'Leit dann zum Beispill den Aperitif drénken, da kënnen se an d'Seance goen, da kënnen se dono dann iessen, et ass wierklech esou wei d'Leit et wëllen.

E Gedankenustouss also falls der Iech nach net sécher sidd wat der Silvester maache wëllt. Iwwerleet awer net ze laang, well d'Platze si limitéiert. Weider Informatiounen iwwert d'Theaterstéck an Ticketen ginn et hei: