
De Saxophoniste Quartett « Saxitude » gëtt et zanter 2004. Deen een oder anere vun Iech huet se och eventuell och scho live gesinn : D’Formatioun spillt nämlech eng ronn 80 Concerten pro Joer. Rechent een dat héich kënnt een op méi wéi 1000 Concerten déi se zanter hirem Bestoe ginn hunn. Dëse Samschden stinn se elo eng éischte Kéier an der Philharmonie op der Bün. De Pit Pixius war bei d’Museker kucken wéi se sech dorobber virbereeden.
Saxitude huet schonn op de verschiddenste Platzen op der Welt gespillt. Vun engem klengen Maart hei am Land bis zu engem groussen Jazz Festival am Ausland hu se alles mat gemaach. Mat esou vill Erfarung mëscht eng Philharmonie de Quartett net méi nervös seet eis de Gregory Ney :
Nervös sinn mer net wierklech. Mer spillen esou vill Concerten am Joer, dass do d’Nervositéit net méi wierklech opkënnt, mee awer ass et natierlech e bëssen eppes anescht elo an der Philharmonie ze spillen wéi an der Strooss, well d’Leit natierlech komme fir eis ze lauschteren an net onbedéngt eng Kéier laanscht lafen an eng Kéier kuerz stoe bleiwen.
Deen deen Saxitude scho live erlieft huet weess dass se wärend dem spillen eng immens Energie a Begeeschterung ausstralen. Se animéieren d’Leit mat ze maachen an et spiert een richteg d’Leidenschaft di d’Artisten fir hir Instrumenter an d’Musek hunn. De Pierre Cocq-Aman erzielt eis wéi se et fäerdeg bréngen och no 20 Joer d’Leit nach ëmmer esou ze verzauberen :
Ce qui nous donne de l’énergie c’est d’une part la musique. C’est surtout qu’on aime la musique, mais c’est aussi en grande partie le rapport qu’on cherche avec le public. Si on joue dans la rue et puis on voit un enfant de cinq ans qui a les yeux tout brillants qui commence à danser sur notre musique ça nous fait plaisir. Quand il y a des gens qui dansent, qui réagissent, qui chantent avec nous quand ils reconnaissent la chanson… tout cela nous donne beaucoup d’énergie.
De Robi Arend, Grënnungsmember vu Saxitude erkläert eis wat se fir de Samschden um Programm stoen hunn.
Do wollte mer di flottste Stécker di eis am Beschte gefalen an och de Leit am Beschte gefalen déi mer iwwert déi leschten 20 Joer gespillt hunn erauspicken an dann e Samschden an der Philharmonie spillen.
En huet eis awer och verroden, dass se sech eng Méi afale gelooss hunn wei just e «Best of» :
An der Philharmonie wäerte mer net just zu véier Saxophonisten sinn ma mer hunn e Batteur dobäi fir de Leit nach e Plus ze bidden a mer hunn nach een "Special Guest" deen um Saxophon zwee oder dräi Stécker mat eis matspillt.
De Rendez-vous dëse Samschden an der Philharmonie also fir Saxitude mat hirem Programm “The very best of Saxitude” zesumme mat engem Special Guest ze erliewen. Weider Detailer an Informatiounen a wou et Ticketen ginn fannt der natierlech wei ëmmer op eisem Site radio.rtl.lu.