Tel Mo. E Kannerbuch vir Erwuesse Leit, sou beschreift et säin Auteur, de Roland Meyer. De Roman, deen d’Liewe vun engem Systemsprenger erzielt, gouf 2017 mam Lëtzebuerger Buchpräis gekréint an 2018 vir de Servais-Präis nominéiert. Lo gëtt de Stoff als Theaterstéck opgefouert. Aus Tel Mo gëtt King Tel Mo Rei. De Julien Marcy aus der Kulturredaktioun erzielt eis méi doriwwer.

24/01/2023 King Tel Mo Rei, vum Buch op d'Bün

Tel Mo. E Kannerbuch vir Erwuesse Leit, sou beschreift et säin Auteur, de Roland Meyer. De Roman, deen d’Liewe vun engem Systemsprenger erzielt, gouf 2017 mam Lëtzebuerger Buchpräis gekréint an 2018 vir de Servais-Präis nominéiert.
Lo gëtt de Stoff als Theaterstéck opgefouert. Aus Tel Mo gëtt King Tel Mo Rei. Den Telmo, eisen Haaptprotagonist, ass méi al ginn an huet sech als Klengkriminellen e Numm gemaach. Mee, ewéi et mat kriminelle Karriären eeben oft sou ass, feiert och dem Telmo seng, an de Prisong.
Wéi geet elo weider? Kann et  iwwerhaapt nach weider goen? Froen op déi d'Stéck ageet ouni kloer Äntwerten ze verspriechen. King Tel Mo Rei wëll virun allem zur Diskussioun ronderëm d'Thema Jugendkriminalitéit ureegen.