D'Museker Serge Tonnar, Pascal Schumacher a Jean Müller sinn all op der Bün Doheem. Elo hunn déi 3 Artiste mat ganz ënnerschiddlechen Hannergrënn a Museksstiler sech zesumme gedoen a ginn e Beneficeconcert. Et ass eng Mëschung wéi et se esou nach net ginn huet. De Pit Pixius huet mam Trio geschwat fir eraus ze fannen wat se sech ausgeduecht hunn an wéi dës Zesummestellung kléngt.

01/03/2023 Schumacher-Muller-Tonnar

Den 3. Mäerz ass am Trifolion zu Iechternach eng méi lass. De Serge Tonnar luet op e Concert fir de gudden Zweck an. Fir dës besonnesch Occasioun huet de bekannte Museker sech eppes ganz Spezielles afale gelooss a wäert sech de Plateau mat zwee héichkarätege Partner deelen :

Ech hu mech gefrot wie kanns de do froen an do sinn ech op zwee Museker komm déi ech selwer immens bewonneren : de Pascal Schumacher an de Jean Muller. Leider hu se dunn och jo gesot dat heescht elo muss ech emol séier Gittar üben.

Mat dëser Mëschung vu Museker déi zu Lëtzebuerg an och iwwert eis Grenzen eraus bekannt si treffen dräi komplett verschidde Welten openeen. De Pascal Schumacher zielt eis wéi sech den Trio fonnt huet :

Esou eng Constellatioun kann an all méiglech Richtunge goen. Worst case wier déi wou mer eis net géinge verstoen a wou jiddwereen 30 Minutten eleng spillt an dono verneige mer eis eng Kéier zesummen a jiddweree geet auserneen. Dat hu mer awer relativ schnell beim éischten Owesiessen decidéiert datt et dat net wäert sinn. Mer hunn eis eng Struktur iwwerluecht fir deen Concert déi och hätt kéinte ganz anescht ausgesi mee di Struktur déi mer hunn gëtt flott an ofwiesslungsräich.

Et ass eng unique Mëschung tëscht Lëtzebuerger Chanson, klasseschem Piano an den doucë Kläng vum Vibraphon. De Pianist Jean Muller huet fonnt, dass d'Museker séier geléiert hunn openeen ze lauschteren a mateneen ze musizéieren :

Jiddwereen ass bereet och eng Kéier kuerz aus sengem eegenen Idiom auszetrieden an dat fannen ech awer ganz spannend. Wann een esou fir sech eleng schafft ass ee villäicht heiansdo ganz fixéiert op dat wat een normalerweis mécht an dat ass wierklech wéi wann een d'Fënster oprappt a mol eng Kéier frësch Loft era léisst. Ech fannen dat op alle Fall immens flott.

Et ass en Zesummespill wat een esou séier wuel keng zweete Kéier méi héiere wäert. De Concert ass den 3. Mäerz am Trifolion. Den Erléis vum Owend geet un d' Associatioun "Mer wëllen Iech ons Heemescht weisen".