
Inklusioun ass e ganz breede Begrëff. E beschreift de Prozess, dass eis Gesellschaft oppe fir jiddweree soll sinn, an dass all Mënsch un allem deelhuele kann. Dat gëllt ebe fir all Beräicher : An der Schoul, op der Aarbecht asw.. Leider si grad Mënsche mat Behënnerunge nach dacks ausgeschloss. D'Peggy Kind vum Mierscher Kulturhaus a Matgrënnerin vun Netzwierk "Mosaik Kultur Inklusiv" gëtt eis e ganz praktescht Beispill aus der Kultur :
E ganz wichtege Facteur ass dass Mënsche mat Behënnerungen oft mengen en Theater oder e Musée wier keng Plaz fir si. Si stelle sech ganz vill Froen : Wéi kommen ech do eran ? Sinn do Trapen ? Ass de Wee wäit ? Wat maachen ech wann ech muss eraus ? Dat ass fir si en immense Stress.
Accès ass ee wichtege Punkt, mee Inklusioun geet méi wäit. An der Inclusioun am Kulturberäich gëtt net just op de Public mat eventuelle Beanträchtegungen opgepasst, mee och op d'Kënschtler seet eis d'Peggy Kind :
E Projet mat Kënschtler mat enger Behënnerung funktionéiert anescht wéi e Projet mat Kënschtler ouni Behënnerung déi dat a 6 Wochen ageprouft hunn. Dat ass fir eis ganz wichteg, dass Kënschtler mat enger Behënnerung och kënne professionell schaffen an sech professionell kënne Forméieren.
Fir op d'Inklusioun an der Kultur ze sensibiliséieren hu sech elo eng 11 Partner aus dem sozialen a kulturelle Beräich zesumme gedoen an d'Netzwierk MOSAIK KULTUR INKLUSIV gegrënnt. D'Zesummesetzung vum Grupp ass villfälteg, et si Muséeën dobäi, Theateren, Strukturen aus dem soziale Beräich, Danzinstitutiounen an nach méi. Zesummen hu se e ganze Programm ausgeschafft, fir d'Thema un d'Acteure vum Kultursecteur, an och un d'Leit ze bréngen. D'Peggy gëtt eis Detailer :
Do gëtt et ganz verschidde Saachen. Do hutt der eng inklusiv Agence fir Kënschtler an der Situatioun vun engem Handicap ze vermëttelen u Galerien oder un aner Haiser. Mer hu Konferenzen zum Thema Kultur an Inclusioun, Kannerstécker déi Gebäerd ginn. Mer wollte wierklech eng ganz Panoplie ofdecken.
D'Expo "Vis-à-vis Reloaded" ass een Deel vum Programm. Déi kann een den Ament am Mierscher Kulturhaus kucken. Dëst ass eng Ausstellung vun de Kënschtler vu CooperationsART an aneren Artisten. En plus zur Expo sinn all Donneschden Atelieren, an deene Kënschtler mat an ouni Handicap zesumme kommen a weider Wierker schafen. Jiddwereen ass an den Atelieren wëllkomm.
Hei geet et weider op d'Säit vum Mierscher Kulturhaus.