Richard Wagner. Ee vun deene Nimm, déi ee kennt, och wann een net genee weess, wisou. Den däitsche Komponist an Dramatiker aus dem 19. Joerhonnert ass virun allem vir seng Opere bekannt. Mat zu senge bekanntsten Wierker zielt "Tristan und Isolde". D'Stéck gëtt dës Woch am Groussen Theater opgefouert.

28/02/2023 Tristan und Isolde am Groussen Theater

Et ass d'Geschicht vun enger onglécklecher Léift, Bedruch an Doud. Op den Éischten Bléck, näischt Ongewinntes vir eng Oper. Mee spéitstens op den zweete Bléck oder, éischter gesot, beim zweeten Toun, mierkt een, datt sech hei eppes Gréisseres entfaalt.

"E Gesamtkunstwerk, en Zesummespill vu Musek, Zeenebiller a Schauspill", sou den Direkter vum Groussen Theater. Genau dowéinst, wier dës Opféierung och eppes vir Leit, déi nach ni an der Oper waren. Mat enger moderner Inzenéierung, déi op den australeschen Regisseur Simon Stone zeréck ze féieren ass, wäert dem Wagner seng Oper ënnert anerem och Filmbenthusiasten begeeschteren.

Tristan und Isolde gëtt den 02. an 05. Mäerz am Groussen Theater an der Stad opgefouert.