
Dës Woch ass déi 13. Editioun vum Lux Film Fest lassgaangen. Fir vill Cinephillen, d'Geleeënheet nei Filmer ze entdecken. Gläichzäiteg sollen awer d'Innovatiounen am Beräich vun der Filmproduktioun am Vierdergrond stoen. No der Aféierung vum Toun, dem Faarffilm, der 3D an der 4D, soll elo d'réalité virtuelle de Kino revolutionéieren. De Julien Marcy mat méi Detailer.
Am Pavillon de la réalité virtuelle an der Abtei Neimënster kënnen d’Visiteuren, wuertwiertlech, an d’Filmwelt vu muer andauchen.
E VR Brëll, Kopfhörer zwou Manetten an e Stull. Méi brauch et net vir an d'Filmwelt vu muer anzedauchen. Keng donkel Säll, riseg Ecranen oder Lautsprecher. Och vu Popcorn feelt hei all Spuer. Am Pavillon de la réalité virtuelle, deen sech am Kader vum Lux Film Fest an der Abtei Neimënster installéiert huet, kann de Publik bis den 19 Mäerz, déi leschten Innovatiounen aus der Kinoswelt entdecken.
Wat fir vill vläicht nach ewéi Science Fiction kléngt, ass mëttlerweil awer scho Realitéit, och hei am Grand-Duché, erkläert den Guy Daleiden, Direkter vum Lëtzebuerger Film Fond: "Viru puer Méint huet sech zu Lëtzebuerg d'Associatioun vun den Animatiounsproduzente gegrënnt. An déi Associatioun heescht d'Associatioun vun den Animatiounsproduzenten an de Produzente vun der réalité virtuelle. Sou datt vun hinne schonn de Message kënnt, et ass eng Méiglechkeet do mir dinn eis zesummen an enger Associatioun, mir wëllen zesumme produzéieren. An ech mengen d'Zukunft wäert scho beweisen, datt mir an de neien Technologien, an den digitalen Evolutioune mat dobäi sinn."
De Guy Daleiden ënnersträicht awer, datt et net drëms geet, de klassesche Kino ze ersetzen. Vill méi geet et dorëms d’Industrie ze erweideren a Lëtzebuerg weiderhin als global Player am Secteur ze positionéieren: "Mir si, mengen ech, am Moment als ee vun de Länner an Europa, déi am meeschten an der réalité virtuelle Oeuvre produzéieren. Mir maachen awer 4 - 5 Oeuvre pro Joer, wat immens vill ass. Vill a Co-Produktioun minoritärer Natur mee awer och majoritärer Natur."
Nieft der réalité virtuelle ass och d’réalité augmenté am Pavillon representéiert. Den Ënnerscheed ass deen, datt ee bei der réalité augmenté Elementer aus der analoger, also aus der richteger Welt, digital ëmgestallt, wärend een bei der réalité virtuelle an enger ganz anerer Welt andaucht. Eng Vilfalt u Méiglechkeeten déi och iwwert dem Kino hinaus agesat kënne ginn, sou d'Direktesch vun der Abtei Neimënster, Anihoa Achutegui: "Ech kéint mir och virstellen, datt dat och bei Visitt guidéen kéint funktionéieren, wou Deeler iwwer VR kéinte gemaach ginn, wou een sech dann zeréckversetzt an d'Prisongszäiten, an den zweete Weltkrich oder nach virdru, wou Mönchen hei waren. Also ech mengen, datt ass d'Evolutioun wou mir higinn."
Bleift nëmmen nach d’Fro wei laang dat Reellt nach mam Virtuelle mathale kann.