Mat sengem Film MOTHER aus dem Joer 2017 hat den amerikanesche Realisateur Darren Aronofsky d'Theater- an d’Filmwelt op original Manéier matenee verbonnen. Mam Drama THE WAHLE huet den Aronofsky elo en Theaterstéck vum Samuel D. Hunter aus dem Joer 2012 als Film adaptéiert mam Brendan Fraser an enger onverkennbarer Roll. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

11/03/2023 Film vun der Woch: The Whale

The Whale vum Darren Aronofsky

Den Charlie huet massiv Iwwergewiicht. Hien ass net onzefridden well hien deck ass ma hien ass esou deck well hien onzefridden ass. Frustiessen ass säin Alldag. Selwer opstoen ouni Hëllef ass mëttlerweil onméiglech. Liewensgeféierlechen héische Bluttdrock laut seng lescht Deeg an, Stonnen an deenen hien seng Duerschter no enger sëllege Joren ouni Kontakt well erëmgesinn.

THE WHALE ass en häerzzerräissenden Melodrama deen trotz engem schwéiere Sujet ni am Pathos ënner geet. Dëst ass nieft enger frontaler a ganz direkter Kameraféierung awer virun allem de Schauspiller ëm den exzellenten Brandon Fraser ze verdanken. THE WHALE ass e Plädoyer fir d’Wouerecht. Ëmmer nees leet den Charlie senge Schüler an online Kueren un d’Häerz dat ze schreiwen wat se denken - ouni Filter - an deem gëtt de Film mat all Bild a mat all Zeen gerecht.

Och wann THE WHALE op engem Theaterstéck vum Samuel D. Hunter baséiert ass, leit dem virtuose Realisateur vu REQUIEM FOR A DREAM,  oder dem rezente MOTHER, seng visuell Approche awer guer net ënnert der Contrainte vun engem Huis-Clos. Ganz am Géigendeel geléngt et dem Aronofsky eng bedréckend Atmosphär ze schafen déi säin Haaptpersonnage esou wéist wéi wann en e Walfësch wier deen an engem Aquarium agespaart ass.