
© Bohumil Kostohryz
"Café Terminus" – sou nennt sech déi neisten Theaterproduktioun vum TNL. Et ass e Stéck, dat den Zuschauer mathëlt op eng Rees an d‘Zukunft. Fir genee ze sinn, an d‘Joer 2039. Eng Zäit an där Lëtzebuerg nom Auteur a Regisseur Frank Hoffmann sengem Zenario an enger uerger Kris stécht. "Café Terminus" orientéiert sech um dystopesche Stéck "Der Eismann kommt" vum amerikaneschen Dramatiker Eugene O‘Neill.
Am Joer 2039 feiert Lëtzebuerg 200 Joer Onofhängegkeet. Mat de Gedanken iwwer dat aktuellt Weltgeschéien am Kapp huet de Frank Hoffmann sech virgestallt, dass Lëtzebuerg vun enger Kris oder souguer engem Krich kéint getraff ginn. Sou beschreift Café Terminus en Zenario, an deem d‘Gesellschaft an där mir liewen net méi funktionéiert an eist Land an e Chaos verfält. De Café Terminus gëtt zum Refuge fir Leit, déi mat dësem Chaos net wëllen a kënnen ëmgoen.
Genee wéi am Eugene O‘Neill sengem Stéck "Der Eismann kommt", sinn och d‘Figuren vu Café Terminus ratéiert Existenzen déi sech dem Alkohol verschriwwen hunn an an hirem klenge protegéierte Kosmos vun engem bessere Muer dreemen. Gespillt ginn des Personnagen ënnert aneren vum Francois Camus, dem Nora Koenig, dem Marco Lorenzini a vum Hana Sofia Lopes.
De Philippe Thelen klëmmt an dësem Stéck an d‘Roll vun engem nach jonken, fréieren Droit Student, dee säi Liewe laang ënnert der Schlapp vu sengem bekannte Papp stoung. Hien hat eng roseg Zukunft viru sech, ma säi Verdross hunn hien zum frustréierten Alkoholiker gemaach. Genee wéi dës Figur an hir Gesellschaft, gëtt och de Spectateur am Café Terminus mat sou munch onbequeme Froe konfrontéiert.
Nach bis de 25. Mäerz kann ee sech dëst Stéck am TNL ukucken. Wien lo interesséiert ass awer des Woch net dozou kennt an den TNL ze goen, den 12. an 13. Mee ass dëst Stéck och am CAPE zu Ettelbréck ze gesinn.