
De Cercle Artistique du Luxembourg, oder CAL wéi en am Volleksmond besser bekannt ass, luet op hir Fréijoersausstellung an. Et ass déi zweete Kéier, dass d'Expo organiséiert gëtt. Um Lampertsbierg kann een den Ament Wierker vun iwwer 60 verschiddenen Artiste kucken. De Pit Pixius war bei déi kreativ Käpp kucken.
Leschte Weekend ass d'Ausstellung am Tramsschapp opgaangen. De Sujet dëst Joer ass MEMENTO ; «Erënner dech» op Latäin. De Curateur Roland Herrmann erkläert wat en mat dësem Motto bei den Artisten an dem Public bewierke wëll :
Dat jiddweree sech eng Kéier domadder beschäfteg wat fir e wichteg ass. D’ Kënschtler sinn alleguerten zesumme komm a weisen esouguer ganz intim Momenter vun hirem Liewen oder vun deene Saachen déi fir Si wesentlech sinn.
D’Selektioun vun den Artisten geet vu jonk bis al, Membere vum CAL stellen aus, awer och Leit aus der Groussregioun. Dem Curateur ass Inklusioun wichteg, an e probéiert och un déi ze denken déi soss vergiess ginn, esou sinn och 18 Kënschtler aus Ateliers protégées vertrueden.
Mer schreiwen hei a Lëtzebuerg grouss Villfalt an Inklusioun op eise Fändel drop an ech well awer dann trotzdeem och mat dëser Expo d’Leit e bëssen ustupsen a soen : Voilà, jiddweree gehéiert zur Gesellschaft dozou, jiddweree muss respektéiert ginn a jiddwereen dierf seng Geschicht verzielen.
D'Objeten an der Expo gi vu gro bis grell faarweg, et fënnt ee Skulpturen a Molereien an och digital Konscht. Quasi all d’Discipline si vertrueden. De Kënschtler Filip Markiewicz verbënnt a senge Wierker verschidden Deeler vun der Geschicht :
Et ass eng Konstruktioun vun engem Bild wat an der Renaissance opgebaut gouf. Déi Palette ass déi wéi d’Molerei deemools plus ou moins gemoolt gouf. Hei mat enger Touche vun eiser «Instagram Kultur». Di Faarwen, di Logoe sinn hei abstraéiert mee et huet een eben déi verschidde Formen an déi verschidden Degradéë vu Faarwen dran.
D’Expo bréngt nei an och confirméiert Kënschtler beieneen, ma se gëtt grad genotzt fir frësch Talenter ze éieren. De Präis fir de beschte jonken Nowuess-Kënschtler huet dëst Joer de Raphael Tanios kritt. D’Anna Recker ass scho laang Member vum CAL a freet sech dass jonk Artisten dës Ënnerstëtzung kréien :
Früher war das genau umgekehrt, da hatten di Jüngeren mehr Probleme angenommen zu werden. Damals waren immer die alt eingesessenen bevorzugt, jetzt ist dies mit den jungen Künstlern eine gute Lösung.
Et ass eng vun de villfältegsten Ausstellunge déi een den Ament am Land kucke kann, a wou wuel jiddwereen op säi Goût kënnt.
D'Expositioun am Tramsschapp geet nach bis den 19. Mäerz. Weider Informatiounen fannt der wéi ëmmer op eisem Site radio.rtl.lu