
"8 Mile", "Pulp Fiction" oder "Men in Black". Op den éischte Bléck hunn dës 3 Filmer näischt mateneen ze dinn, mee se hunn awer eppes gemeinsam: Hir Soundtracks hu Geschicht geschriwwen. D'Wierker goufen extra fir d'Filmer komponéiert. Dat ass eppes anescht wéi wann een e Lidd einfach just fir d'Ouer schreift.
Musek ass iergendwou natierlech ëmmer Musek, mee de Prozess wéi ee Stécker schreift ass e bëssen anescht. De Gregory Ney huet e Master an der Filmmusek gemaach an erkläert eis wéi hie Stécker fir e Film komponéiert :
Woumat mer am léifsten ufänken, ass fir eng Séil vum Film ze fannen an déi da musikalesch ze representéieren. Ech kucke wat vun Instrumenter géing passe bei de Film an da kucken ech e Stéck ze komponéiere wat och de Film weist. Aus deem Stéck eraus entstinn dann all déi aner Stécker vum Film wou ech d'Musek ëmmer e bëssen ännere fir der Situatioun unzepassen an de Charakteren och eng Séil ze ginn seet eis de Museker.

Den Toun steet net am Mëttelpunkt, wéi bei engem Museksalbum, wou een sech just dorop konzentréiert. Dat Akustescht ënnermoolt dat Visuellt vum Film a verstäerkt Situatiounen a Gefiller. Fir säi leschte Projet ass de jonke Kënschtler elo mam "Keep an Eye Filmscore Award" ausgezeechent ginn. Fir de Film "Merhamet" huet hie misse ganz kreativ ginn :
Do wollten se e Radio spillen hunn. Vu dass et en tierkesche Salon war an de Film an den 80er Jore spillt, huet d'Musek och missten dozou passen. Dat heescht mäin Zil war do tierkesch 80er Jore Popmusek ze schreiwen. Do hunn ech mech do e bëssen era geschafft. Do hunn ech och missen den Text op tierkesch schreiwen, dat war och interessant, do huet Google mer e bësse gehollef. Dono hunn ech dat dann och opgeholl mat enger Sängerin.
Museker, déi Stécker fir Filmer schreiwen, maachen normalerweis och aner Musek. Et kann een den Gregory also och emol live gesinn. Hien ass een vun de Saxophonisten vum Quartett Saxitude, déi deen een oder aneren villäicht kennt. Hiren nächste Concert spillen se de 6. August zu Pëtten op de Summernights.
Hei ass e komplette Interview a Portrait iwwert de jonke Museker :
