Jazz huet eng grouss Traditioun zu Lëtzebuerg. 3 grouss an eng sëllege méi kleng Festivallen hunn sech där Museksrichtung verschriwwen. Hei kommen dann eng Rei Jazzer zesummen a weise wat se kënnen. Den Daniel Migliosi ass e jonke Lëtzebuerger Artist, deen an der Zeen elo op sech opmierksam mécht.

30/07/2023 Enchantéiert: Daniel Migliosi

Den Daniel Migliosi ass e ganz jonke Kënschtler, en huet nach keng 20 Joer. Hien studéiert elo scho Musek zu Köln a gëtt uechter ganz Europa Concerten. Elo krut hie mat senger Formatioun dem "Daniel Migliosi 6tett" den "New Generation Jazz Lab" Präis. Dëse Präis gëtt um prestigiéise Jazz Festival vu St. Moritz an der Schwäiz verdeelt. De jonke Kënschtler freet sech natierlech iwwert dës Unerkennung.

Ech hunn nach ni e Präis am Jazz gewonnen. Wou ech nach mi jonk war, hunn ech bei Concourse matgemaach an do e puer Saachen an der klassescher Musek gewonnen. Elo am Jazz nach eng Kéier, dat gëtt mer eng Bestätegung, dat freet mech enorm. Et kann een et net wierklech a Wierder beschreiwen, mee et mierkt een awer dass een eppes richteg mécht esou den Daniel.

De jonke Museker huet de Präis fir säin Debutalbum "Left on Scene" kritt. Hei spillt e ganz klasseschen Jazz. E wëll mam Album e Statement maachen, datt en dës Kinneksdisziplin beherrscht.

Jazz ass awer net dat eenzegt woufir säin Häerz schléit. Hien huet e ganz breet gefächerte Museksgoût an e lauschtert och gäre Rap. Op der Single "Living Right", déi dëst Joer eraus komm ass, verbënnt en dës zwou komplett verschidde Museksrichtungen mateneen. Esou erschléisst de Museker eng komplett nei Welt. 

De kreative Museker steet eréischt um Ufank vu senger Karriär, mee e festegt säin Numm elo schonn an der Zeen. En huet awer nach grouss Ziler :

Ech kennen d'Samara Joy, eng Sängerin déi elo 2 Grammie gewonnen huet. Wann een ëmmer méi mat esou Leit ënnerwee ass, da sinn di Ziler ëmmer méi gräifbar. Esou fir e Grammy nominéiert ze ginn, et ass zimmlech onwarscheinlech mee ganz onwarscheinlech ass et net seet de jonken Artist.

Hei ass e komplette Portrait vum Daniel Migliosi an deems en eis erzielt wéi et dozou komm ass dass en a sengem jonken Alter schonn e Bachelor mécht. Des weideren schwätzt en driwwer wéi hien uechter ganz Europa Concerten gëtt an dat mat der Schoul ënnert en Hutt bréngt a wat seng Dreem a Wënsch fir d'Zukunft sinn :

Web Audio : Portrait Daniel Migliosi