Wësst dir nach wien SSDSDSSWEMUGABRTLAD gewonnen hat? Dat ass iwwregens d'Ofkierzung vu Stefan sucht den Superstar, der singen soll, was er möchte, und gerne auch bei RTL auftreten darf. Dat war d'Stefanie Heinzmann wat haut säin neien Album All We Need Is Love.

22/03/2019 CD Tipp

An do gëtt sech mol direkt am éischte Lidd Not Giving Up entschëllegt datt et sou laang gedauert huet. Firwat?
D'Sängerin aus der Schwäiz huet Zäit fir sech selwer an och fir d'Musek gebraucht. Komplett nei erfonnt huet sech d'Stefanie zwar net, mä et mierkt een no den éischten Téin datt seng Stëmm nach méi facettëräich zum Asaz kënnt. Natierlech beweege mir eis hei am Pop, obwuel deen och Plaz fir de Soul vu senger Stëmm léisst.

Mother's Heart ass d'Single Nummer 2 aus dem 5. Album deen also haut erauskënnt. D'Stefanie Heinzmann gëtt sech ganz éierlech an den 12 neie Lidder an erzielt zum Beispill och wéi et gaangen ass fir d'Liewen an d'Hand ze huelen a sech optimistesch opzelueden. E Lidd, wat fir Stefanie Heinzmann-Verhältnisser, e bëssen aus der Rei danzt, ass déi éischt Single Build A House. Responsabel vun deem Sound ass de Frans Zimmer, den Alle Farben...

Entstanen ass dee 5. Album vum Stefanie Heinzmann a Schweden, zu London an zu Hamburg, allerdéngs mat vill Zweiwel. Well ier d'Aarbechten ugefaangen hunn, sinn Existenzfroen duerch de Kapp gegeeschtert an dowéinst huet et sech an der Heemecht zeréckgezunn.... Handy aus, keng Musek, nix nada.....

Hei ass de Link bei de Concert am Atelier