Dem Ritchie säi Country CD-Tipp gehéiert haut engem kanadesche Schauspiller a Museker, dee mir alleguerte kennen. Säin Numm: Kiefer Sutherland.

12/05/2019 Country CD Tipp Kiefer Sutherland

De Kiefer gëtt den 21. Dezember 1966 als Bouf vun der kanadescher Schauspiller-Koppel Shirley Douglas an Donald Sutherland zu London gebuer. Seng eege Schauspiller-Karriär start hien 1983 un der Säit vu sengem Papp am Film „Max Dugan Returns“. Den Duerchbroch geléngt him awer eréischt véier Joer méi spéit mam Kinosuccès „The Lost Boys“, fir deen hie mat enger Genie Award-Nominéierung belount gëtt, wat de kanadesche Pendant zum Oscar ass.

De Psycho-Thriller „Flatliners“ mécht hien dann 1990 zum Superstar. Mëtt der 90er Joer verblatzt säi Stär awer esou lues. Well e sech ze vill op Rolle konzentréiert hat, an deenen hien ëmmer dee Béise gespillt huet, kritt e keng gutt Rolle méi ugebueden.
 
Dat ännert sech wéi en 2001 d'Roll vum Jack Bauer an der TV-Serie „24“ iwwerhëlt, déi hien nees zu engem Superstar mécht. Fir déi 6. bis 8. Staffel kritt hien am ganzen eng Gage vu ronn 40 Milliounen Dollar, wat hien zu deem Zäitpunkt zum bescht bezuelten TV-Acteur op der Welt mécht.
 
Deen nächste grousse Coup geléngt him 2011 mat der Fox Mysterie-Serie „Touch“. Véier Joer méi spéit iwwerhëlt de Kiefer d'Haaptroll an der Netflix-Serie „Designated Survivor“, vun där bis well 43 Episoden an zwou Staffelen diffuséiert gouf. Déi 3. Staffel ass mol provisoresch fir am Juni programméiert.

Am August 20126 presentéiert de Kiefer Sutherland mat „Down in a Hole“ säin éischten Album. Fir d'Fans war dat allerdéngs keng esou grouss Iwwerraschung, well déi wousste jo, dass de Kiefer scho méi laang am Musek-Buizz aktiv ass. Zesumme mat sengem gudde Frënd, dem Museker a Produzent Jude Cole, huet hie schonn eng gutt Zäitchen den Independant Record Label „Ironworks“ zu Silver Lake bei Los Angeles. Genee dëse Produzent ass och fir den neien Album „Reckless and Me“ responsabel.

Am Dezember koum mat „Open Road“ déi éischt Singleauskoppelung aus dësem excellenten Album eraus.

Kuerz virum Release vum neien Album sot de Kiefer Sutherland an engem Interview: „Ech hu mech selwer gefrot, wat sinn déi Saachen, déi ech un der Schauspillerei an der Musek am léifsten hunn? Wat ass do de gemeinsamen Nenner? Fir mech si Geschichten erzielen a Musek maachen, zwou verschidden Aart a Weisen déi Saach unzegoen.“

Fannen dat bëssen eng komesch Ausso, mä bon! Wéi de Kiefer Sutherland déi ganz Saach Live ugeet, dovunner konnte seng Fans vu Lëtzebuerg sech den 18. Juni 2017 an der Escher Rockhal iwwerzeegen. Fir dëst Joer ass leider kee Concert hei zu Lëtzebuerg virgesinn. Dofir ass en awer an Däitschland ënnerwee, esou z.B. den 9. Oktober zu Köln.

Mat sengem neien Album „Reckless and Me“ weess de Kiefer eng Kéier méi  z'iwwerzeege. 10 excellent Honky Tonk an Outlaw-Songs, déi vum Jack Bauer ... Pardon … vum Kiefer Sutherland senger markanter, däischterer Stëmm gedroe ginn. Fir mech perséinlech ass dësen Album nach e gudde Krack besser, wéi säin Debutalbum vun 2016.  

Ee vun den Highlights op dësem Wierk ass den Titel „Something you love“. Hei ass de Kiefer iergendwéi op de Spure vum Bruce Springsteen. Meng absolut Favorite sinn awer „Open Road“, an den Ouerwuerm „Blame it on your heart“.