Keen aneren internationale Kënschtler gouf esou vill an Däitschland gestreamt wéi hien a mat 195 Wochen déi säin Album "x" an den däitschen Charts huet hien e weidere Rekord opgestallt. Den Ed Sheeran ass, wéi et schéngt, richteg beléift bei eisen Noperen. Mat I Don't Care wäerten nach e puer Fans dobäi kommen.

Den neien Hit aus der Fieder vum sympathesche Sänger a Lidderschreiwer, huet nämlech en zimlech bekannte Feature. De Kanadier Justin Bieber ass bei I Don't Care ze héieren. D'Experte wëssen et souwisou; eng Zesummenaarbecht tëscht deenen 2 Superstare kann eigentlech nëmmen e Succès ginn, well zesumme geschafft hu se schonn an Erfolleg hate se och domat. Den Ed Sheeran huet nämlech Love Yourself fir den Justin Bieber geschriwwen, den Justin stoung domat op der 3 an Däitschland an huet 3 mol Gold-Status erreecht. An och dem Justin seng Online Zuele schwätze fir sech; 111 Millioune Follower op Instagram, 105 Millioune bei Twitter, 77 Millioune bei Facebook a 44 Millioune op Youtube. Do kann et bestëmmt mol virkommen datt sech do nach een Justin Bieber-Fan beim Ed Sheeran verleeft.