Wat mécht dann eigentlech Juli? Net de Mount, d'Grupp ronderëm d'Sängerin Eva Briegel. Nei Musek wéi et schéngt.

Op hirer offizieller Internetsäit ass net vill ze liesen a virun allem dat wat ee scho weess; datt et elo eng länger Zäit roueg war. Nei ass dann awer elo d'Informatioun datt een an där Paus kreativ war an den Ament am Studio ass fir nei Musek opzehuelen. Bis en Album do ass, wäerten awer nach e puer Deeg vergoen. D'Zäit bis dohinner gëtt mat enger éischter Single verkierzt; wéi et schéngt ass d'Grupp op de Vëlo komm. Déi gäil Zäit mat der perfekter Well ass iwwregens scho 15 Joer hier. Villäicht kënnt se jo erëm?