E Piano an eng Stëmm; méi muss et heiansdo net sinn. Dat huet d'Christina Perri mat Jar of Hearts virun 8 Joer schonn eng Kéier bewisen. Duerno koumen zwar e puer Instrumenter méi an den Asaz mä wisou net back to the roots?

Genee! Wisou net! No enger Aventure mat sougenannte Lullabys, d'Christina ass an Tëschenzäit Mamma an huet virun e puer Méint den Album Songs for Carmella: lullabies and sing-a-longs erausbruecht, also Lidder fir Bëbeeën, kënnt dann elo erëm Musek fir déi méi grouss Kanner. Wann dann en neien Album erauskënnt, bis elo ass nach näischt dovu gewosst, wier et schonn dat 4. Wierk, den Album mat de Lullabies abegraff. Déi éischt nei Musek a 5 Joer erënnert un Zäite wéi d'Christina Perri bekannt ginn ass, also och un d'Lidder Jar of Hearts an A Thousand Years. Eent ass sécher; hei kënnt keng Hektik op. A wie sech nach ëmmer gefrot huet firwat d'Christina sou vill Tätowéierungen huet, dat wier eng Method, nieft Lidder schreiwen, fir sech auszedrécken.