Et gëtt sou lues awer sécher Eescht mat der neier Plack vum Boss. De 14. Juni kënnt den 19. Album vum Bruce Springsteen Western Stars eraus a mat There Goes My Miracle gëtt et dann elo och eng 2. Single.

Den éischte Worf Hello Sunshine huet d'Ronn gemaach an elo ass et un There Goes My Miracle fir Loscht op déi 13 nei Lidder ze maachen. Opgeholl goufe se alleguer a sengem eegene Studio zu New Jersey, a Kalifornien an zu New York. A wéi eng Welt hëlt de Boss eis dës Kéier mat? Inspiréiert huet sech den Här Springsteen um Southern California Pop vun de spéide 60er a fréie 70er. A punkto Produzent huet de Bruce sech de Ron Aniello gekroopt deen och divers Instrumenter op Western Stars agespillt huet. Apropos Instrumenter, net manner wéi 20 verschidde Museker sinn um 19. Bruce Springsteen-Album am Asaz.