Erënnert sech nach een un déi islännesch Grupp do. Déi mat deem Lidd do, Little Talks. De 26. Juli soll déi nei Plack vun Of Monsters And Men erauskommen. Domat wier Fever Dream hiren 3. Album.

Sou richteg bekannt gouf d'Grupp aus Island 2012 mat der Single Little Talks déi et an Däitschland bis op déi 5. Plaz, a Groussbritannien op déi 12. a bei den Amerikaner souguer op Plaz 20 gepackt hat. My Head Is An Animal huet deemools den Album geheescht, duerno gouf et nach e Release, den Album Beneath The Skin aus deem sech awer weider net vill an den Charts verlaf huet, d'Plack selwer steet an Amerika op der 3. Kuckt een hire Succès global, zielt ee 7 mol Gold an 30 mol Platin. 4 Joer no hirem 2. Album geet d'Aventure vun Of Monsters And Men dann also weider; Fever Dream soll de 26. Juli erauskommen an déi éischt Single Alligator gouf d'lescht Woch beim Jimmy Fallon Live virgestallt. D'Islänner loossen dat e bësse méi rockeg ugoen.