Mat iwwer 10 Millioune verkaaften Albume gehéieren de Ryan Tedder a seng Kollegen zu de Groussen am Business. Den Ament weist alles a Richtung 5. Album. OneRepublic si relativ aktiv wann och op vill verschidde Manéieren.

D'Geschicht fänkt am September 2017 wéi den Tedder op engem Concert de Leit erzielt se géingen un engem 5. Album schaffen deen iergendwann 2018 erauskomme soll. Mir sinn elo 2019, dat huet also net geklappt. Villäicht war d'Grupp och ze vill mat der Zac Brown Band beschäftegt, fir déi hu OneRepublic eng Rëtsch Concerten als Support Act d'lescht Joer gespillt. Viru Plus Minus engem Joer kënnt am Kader vun der Netflix-Serie 13 Reasons Why den Titel Start Again eraus, nach ëmmer keng Spuer vun engem 5. Album. E Mount méi spéit kënnt d'Single Connection eraus, och éischter eng digital Geschicht, déi an der Summer-Reklamm vun Jeep ze héieren ass. Apropos Jeep a Reklamm, am November d'lescht Joer presentéiere OneRepublic de Klassiker White Christmas, alt erëm fir Jeep alt erëm fir eng Reklamm. Am Januar war et dann elo un der Kollaboratioun mat Galantis fir den Titel Bones an zënter elo enger knapper Woch gëtt et mat Rescue Me e fonkelneit Lidd, trotzdeem feelt vun Album Nummer 5 nach all Spuer.