Den Thomas Rhett ass nees do, dat mat sengem fonkelneien Album „Center Point Road“. De Ritchie mat den Detailer.

09/06/2019 Country CD Tipp Thomas Rhett

Den Thomas gëtt den 30. Mäerz 1990 als Thomas Rhett Akins jr. gebuer. An der Junior High léiert hien op den Drumms ze spillen a säin Dram ass et, méi spéit a sengem Papp senger Band ze spillen, a mat him op Tournée ze goen. Dem Säi Päpp ass nämlech keen aneren, wéi de Countrysänger Rhett Akins. Duerch hie kritt de Junior natierlech d'Musek quasi an d'Wéi geluecht. Wéi en nach e klengen Däbbes ass, kommen och esou faméis Countrystare wéi den Tim McGraw oder den Duo Brooks & Dunn bei d'Famill Akins op Besuch.

Op der High School forméiert den Thomas eng éischt Band „The High Heeled Flip Flops“, mä en denkt zu deem Zäitpunkt nach net un eng Karriär als professionelle Museker. Fir d'éischt mécht e mol seng Highschool fäerdeg, ier e schliisslech Profimuseker gëtt.
 
No der Highschool schreift hien enger éischter Phase eng Hellewull Lidder, sief et eleng oder als Co-Auteur. Zu senge Clienteë gehéiere Countrygréisste wéi den Jason Aldean, de Lee Brice oder den Duo Florida Georgia Line.

2011 ënnerschreift den Thomas e Plackekontrakt bei „Big Machine Records“. Am Februar 2012 kënnt seng Debutsingle „Something To Do With Hands“, an am Oktober 2013 säin Debutalbum „It Goes Like This“ eraus, dee bis op Plaz 30 vun den US Countrycharts klëmmt. Den Titelsong gëtt säin éischten Top 5-Hit.

Säin definitiven Duerchbroch feiert den Thomas Rhett 2015 mat sengem zweeten Album „Tangled Up“, dee bis op Plaz 2 klëmmt. Mat sengem drëtten Album „Life Changes“ steet hien 2017 op der Spëtzepositioun.

Elo geet den Thomas Rhett mat sengem neien, a gläichzäiteg véierten Album „Center Point Road“ un den Depart.

Den Thomas huet säin neit Wierk no enger Strooss a senger Heemechtsstad Hendersonville am Tennessee benannt. „Et symboliséiert, wéi et war, Erwuessen ze ginn“ erkläert den Thomas. „D'Strooss huet mech markéiert an zu deem gemaach, wat ech haut sinn. Et passt och gutt zum Album, well deen zum gréissten Deel nostalgesch ass. Et ass och ee vun deenen Albumen, dee sech, all Kéiers wann een e lauschtert, sech aneschters ufillt an unhéiert.“

Fir déi 16 Songs um neien Album war den Thomas als Co-Auteur an och als Co-Produzent aktiv. Ënnerstëtzt gouf hien dobäi vun esou groussen Nimm wéi Dann Huff, Jesse Frasure an Julian Bunetta.

Ënnerstëtzung krut hien och bei den Interpretatiounen. Mat derbäi ass de Quartett „Little Big Town“, mat deem hien den Titel „Don't Threaten me With a Good Time“ opgeholl huet. E méi poppeschen Titel, deen awer Hitpotential huet.

Beim Titelsong deelt hie sech de Mikro mat der Kelsea Ballerini. Och hei schléit den Thomas méi e poppesche Wee an. Fir puren a proppere Country suergt säin drëtten Invité Jon Pardi. Mat him séngt den Thomas den Titel „Beer Can't Fix“ am Duett.
Als éischt Single gouf schonn am Mäerz den Titel „Look What Good Gave Her“ verëffentlecht. Duerno koumen nach zwou sougenannte Promosinglen eraus, an zwar „Remember You Young“ a „That Old Truck“.