D'nächst Joer feiert déi britesch Grupp Keane e Véierelsjoerhonnert. Hir leschten Album Strangeland ass ewell 7 Joer al, de Best Of vun 2013 kann ee jo eigentlech op der Säit loossen. Elo kënnt déi gutt Nouvelle; Keane sinn erëm do a bréngen am September, no 5 Joer Paus, hire 5. Album eraus.

Gedeeft ass d'Plack schonn, Cause And Effect, a mat The Way I Feel ginn den Tom Chaplin a seng Frënn en éischten Abléck an hir nei Musek. Manner Somewhere Only We Know an Everybody's Changing, mä éischter Is It Any Wonder oder Spiralling. Oder aneschters ausgedréckt; The Way I Feel ass manner melancholesch, éischter positiv, euphoresch wier awer iwwerdriwwen. An där 5 Joer laanger Paus hat hire Sänger, den Tom Chaplin, vun der Situatioun profitéiert an 2 Soloalbumen erausbruecht, The Wave war e richtegen Album op Twelve Tales Of Christmas geet et, wéi den Numm et scho verréit, ëm Chrëschtdag. Déi éischt Single aus dem 5. Album mécht elo scho Loscht op méi.

© Island Records