Donata Kramarz an Daïm de Rijke heeschen déi 2 Protagoniste vum däitsch-hollänneschen Duo Nosoyo. Deen Duo gëtt et ewell 5 Joer a mat Loud and Shameless kënnt deemnächst den 2. Album eraus.

Nosoyo ass iwwregens eng Uspillung un déi spuenesch Manéier fir "ech sinn net ech" ze soen. Begéint hu sech déi 2 zu Amsterdam wéi d'Donata dohi geplënnert ass fir Musek ze studéieren. Gemeinsam ass et nom Studium op Berlin gaangen, vu wou aus den Duo seng Alternative-Pop-Mëschung op d'Mënschheet lass léisst. Highness, d'Kombinatioun aus High-sinn an Altesse, erzielt d'Geschicht vun deenen déi op Muecht aus sinn an d'Gefill vun Iwwerleeënheet als Drog mëssbrauchen. Am Video gesäit een den Duo op der Sich no hirem perséinlechem Gléck; eng Kinnigin um Sommet vun hirem Wuelstand an e Geck vum Haff, dee sech vun der Kinnigin ugezu fillt an och gäre sou vill Wuelstand hätt. Séier fannen déi 2 awer eraus datt ee mat Suen net alles kafe kann.