Wann ee sou wëll kënnt mat Birds déi 5. Single vum aktuellen Imagine Dragons eraus. Datt haut mat Video hei a Single do awer net grad sou einfach ass, beweist dann och de Fall bei der Band vu Las Vegas.

13/06/2019 Imagine Dragons - Birds

Eent ass sécher, deen aktuellen Album heescht Origins; grad sou sécher, déi éischt Single war Natural.

. Souzesoe parallel ass de Video fir den Titel Zero am Netz opgedaucht.

Dat Lidd ass wuel um Album Origins drop, ass awer keng richteg offiziell Single, mä den Titelsong vum 2. Film mam Randale Ralph, Ralph Breaks The Internet. Duerno war et dunn u Bad Liar, u sech dann déi 2. offiziell Single aus Origins.

E bësse Schued, kann ee soen, datt et bei Machine nëmme beim Audio-Video bliwwen ass.

Dat Lidd huet nämlech eng ähnlech Dynamik wéi Natural. Vun der Plackefirma, Interscope, gëtt et dann elo e 5. Extrait vun der aktueller Imagine Dragons-Plack. Fir d'Lidd Birds ass awer nach kee Video am WorldWideWeb ze fannen, also entweder eng Pseudo 5. Single oder déi 3. richteg.