De Luke Combs ouni Zweiwel ee vun de ganze groussen Newcomer an der Countryzeen. Mat sengem éischten Album „This One's For You“ war him viru genee zwee Joer direkt dee ganz grousse Coup gelongen … Ritchie.

16/06/2019 Country CD Tip

Den 28 Joer jonke Luke Combs entdeckt schonn als Kand seng Passioun fir d'Musek. Seng éischt grouss Zäit als Museker huet hie während senger Zäit op der A.C. Reynolds High School zu Asheville am North Carolina. Do steet hien direkt fir e puer Gruppen hannert dem Mikro. Zu selwechter Zäit huet hien och e Solo-Optrëtt an der legendärer „Carnegie Hall“ zu New York.
 
Méi spéit geet hien op „Appalachian State University“ zu Boone am North Carolina, wou hie seng éischt Country Music Show am populäre „Parthenon Café“ gëtt. Vun deem Moment u steet fir de Luke Combs fest, dass d'Musek seng grouss Zukunft ass. Aus deem Grond plënnert hien dann och op Nashville.
 
Am Februar 2014 kënnt mat „The Way She Rides“ seng éischt sougenannten „EP“ eraus. E puer Méint drop kënnt mat „Can I Get An Outlaw“ seng zweet „EP“ an d'Butteker. Eréischt 2015 presentéiert de Luke mat „Hurricane“ seng éischt Single, déi sech an der éischter Woch 15.000 mol verkeeft, a bis op Plaz 46 vun den US-Countrycharts klëmmt.

Am November 2015 kënnt mat „This One's For You“ seng drëtt „EP“ eraus. Zwee Joer méi spéit ënnerschreift hien endlech e Kontrakt bei „Sony Music Nashville“, wou am Juni vum selwechte Joer säin Debutalbum erauskënnt, deen de selwechten Titel dréit wéi seng drëtt „EP“, also „This One's For You“. Den Titel „Hurricane“ gëtt op en neits verëffentlecht, a gëtt déi Kéier en Top-Hit an den US-Countrycharts.

En neien Album huet de Luke elo net opgeholl, dofir awer eng nei „EP“ mam Titel „The Prequel“. Vläicht ass dat jo wierklech e klenge Virgeschmaach op en neien Album? Wie weess.

„Even Though I'm Leaving“, ee vun am Ganze 5 neie Songs op der aktueller „EP“ vum Luke Combs. Sämtlech Lidder huet hien zesumme mat ganz faméisen Auteure geschriwwen, esou z.B. dëse Song mam Wyatt B. Durette III, dee schonn dacks fir d'Zac Brown Band geschriwwen huet.

De Singlehit aus dësem Mini-Album ass den Titel „Beer Never Broke My Heart“, deen hien zesumme mat den Häre Jonathan Singleton a Scott Moffatt geschriwwen huet.

Den Internet-Magazin „Taste Of Country“ schreift iwwert dëst Lidd: „Hie séngt iwwert alles anescht am Liewen, wat e Mënsch blesséiere kann, kënnt schliisslech zum Resultat, dass Béier déi eenzeg sécher Wett ass. D'Lidd enthält eng Lëscht vu verschidde Saachen a Persounen, déi den Erzieler a sengem Liewen enttäuscht hunn, ier en zum Schluss kënnt, dass äiskale Béier him ni d'Häerz gebrach huet.“

Och mat dëser rockeger Country-EP, wäert de Luke grousse Succès hunn. Säin Debutalbum „This One's For You“ steet an Tëschenzäit jo schonn 105 Wochen, also ganzer zwee Joer, an den US-Countrycharts, an och ëmmer nees op der Spëtzepositioun. Dës Woch ass dësen Album vum Thomas Rhett sengem neie Wierk un der Spëtzt ofgeléist ginn. An et géing mech net wonneren, wann de Luke nächst Woch nees On Top vun de Countrycharts géing stoen.

Hei nach en Titel aus „The Prelude“, an dat ass déi aktuell Single: „Beer Never Broke My Heart“.