De Countdown leeft fir den neien Taylor Swift-Album. An et gëtt dës Kéier e Summer-Album. Matten am August, den 23., kënnt Lover offiziell eraus.

An et gëtt mat 18 Lidder dee bis elo längsten Album vum New Country-Star, deen awer scho laang zum Pop-Star avancéiert ass. Sécher ass mol datt d'Kollaboratioun mam Brendon Urie vu Panic! At The Disco, Me, op den Album drop kënnt an och You Need To Calm Down, dat Lidd ass elo de Weekend op d'Leit lass gelooss ginn. You Need To Calm Down huet en eendeiteg Message, et ass een Anti-Homophobie-Song. Parallel zu der Single hat d'Taylor Swift dëse Weekend och en Iwwerraschungsoptrëtt zu New York am Stonewall Inn wou d'LGBT-Communautéit 50 Joer Stonewall gefeiert huet. Wärend enger Show vum Modern Family-Star Jesse Tyler Ferguson huet d'Sängerin Shake It Off zum Beschte ginn.

Ween an de sozialen Netzwierker mam Taylor connectéiert ass, dierft dann och scho wëssen datt den neien Album Lover all Form vu Romantik erëmspigele wäert, sou d'Taylor op Instagram.