1977 gëtt an Australien eng Band gegrënnt déi an de Joren duerno d'Leit ronderëm de Planéit begeeschtere sollt. D'Musek war eng Ursaach, de Sänger déi aner. D'Liewe vum Michael Hutchence gëtt elo an engem Documentaire festgehalen.

14/06/2019 Mystify Michael Hutchence: en Documentaire iwwer eng Ikon

Et schéngt d'Zäit vun de Filmer iwwer Musek ze sinn..... Aktuell ass d'Liewe vum Elton John als Film Rocketman an de Kinoen, Bohemian Rhapsody erzielt d'Geschicht vu Queen an am Film Yesterday geet et explizit ëm d'Musek vun de Beatles. An dësem Fall ass et manner e Film, éischter en Documentaire mat Opnamen, och Privater, déi bis elo nach kee Mënsch gesinn huet.

De Mann deen den 22. Januar d'nächst Joer 60 Joer kritt hätt, huet e grousst Lach a vill Froen hannerlooss. D'Ëmstänn ronderëm säin Doud den 22. November 1997 zu Sydney sinn nach ëmmer net 100 prozenteg gekläert.

Ier et zu dësem schrecklechen Tëschefall komm ass, huet de Michael Hutchence an Inxs d'Welt mat engem ganze Koup Hits a fantastesche Concerte versuergt, den Optrëtt virun 72.000 Leit am ausverkaafte Wembley Stadium ass ee vu ville Beispiller.

Den Documentaire vum Richard Lowenstein, deen ënner anerem de Video vun Never Tear Us Apart realiséiert huet, huet schonn am Abrëll beim Tribeca Film Festival Première gefeiert, elo Ufanks Juni ass den Trailer Online gaangen a soll schonn de 4. Juli an de Kinoe lafen. Parallel kënnt och e Soundtrack eraus op deem een 2 Lidder, zwou Cover-Versioune vum Michael Hutchence, fënnt déi bis elo nach keen héieren huet.