De Projet Gone West gëtt et nach net all ze laang, ma d'Musek,respektiv eng vun de Stëmmen, dierft engem dach bekannt virkommen. Am Quartett ass nämlech och d'Sängerin vum Hit Bubbly vertrueden.

Et kann ee souguer esouwäit goen a soen d'Colbie Caillat hätt Gone West gegrënnt. Déi aner 3 heeschen Jason Reeves, Justin Kawika Young an d'Nelly Joy. Déi 4 waren och scho fläisseg well mat Tides ass virun net all ze laanger Zäit eng Debut-EP erauskomm. What Could've Been ass dann de Beweis datt et nëmme bei deem éischte Worf bleift. De Projet Gone West verbënnt awer méi wéi nëmmen d'Musek; et sinn nämlech zwou Koppelen déi scho 14 Joer laang zesumme Musek maachen an eben elo zu 4. E bësse Country, Aflëss aus dem Westen, eng Grëtz Texas, alles an allem eng richteg amerikanesch Geschicht.