Wéi et schéngt maache se a Schweden net nëmme Bulletten a Miwwel, mä och nach reegelméisseg Musek. Ee vu ville Beispiller ass d'Clara Mae, eng Artistin déi sech bis ewell en Numm als Songwriterin gemaach hat.

D'Clara huet nämlech scho fir Artiste wéi David Guetta an Tiësto Lidder co-geschriwwen. D'Meedchen ass vu Gävle an huet wärend e puer Joer Jazzgesang a Piano geléiert a beweist dann elo mat Loved You Once datt méi wéi nëmme Lidder schreiwen dran ass. Potenzial fir eng gutt Stëmm ass do, éierlech an direkt Texter ginn och geliwwert an esou entsteet eng Mëschung aus elektronesche Kläng a Pop. Am Summer d'lescht Joer huet d'Clara Mae d'Debut-EP Sorry For Writing All The Songs About You erausbruecht, där hir Lidder a kierzter Zäit iwwer 50 Millioune mol gestreamt goufen. Loved You Once ass d'Material vun dësem Joer, villäicht héiert een an Zukunft dann nach méi vum Clara Mae.