Haut schéckt de Ritchie iech mat sengem Favorit ënnert de Summer Country-Albumen an d'Summerpaus, an dat ass dem Kenny Chesney säin „Songs for the Saints“.

Dëst summerlecht Wierk huet zwar schonn e Joer um Bockel, an ech hat iech et schonn eng Kéier hei virgestallt. Dat mécht awer näischt hunn ech mir geduecht, well et ass, wéi gesot, mäin absolute Favorit wat summerlech Country-Albumen ugeet. En plus hunn ech nach e klenge Bonbon derbäi, mä dozou méi spéit.

Mat 20 Albumen déi sech wäit iwwer 30 Millioune verkaf hunn, 42 Top 40-, an 29 Nummer 1-Hits, esou wéi sëllechen Auszeechnungen, ass de Kenny Chesney ee vun de ganz grousse Staren an der Countryzeen.  

Och seng sëllech Tournéeë sinn all Kéier e grousse Succès. Fir seng „The Big Revival Tour“, tëscht Mäerz an August 2015, goufe bei 61 Concerten 116,4 Milliounen Dollar agespillt. An och seng „Brothers on the Sun Tour“, zesumme mam Tim Mac Graw, war 2012 e gigantesche Succès, hei goufe bei 23 Concerte 96,5 Milliounen Dollar agespillt.

Leschte Summer war de Kenny natierlech och an den USA ënnerwee, fir den Album „Songs for the Saints“ virzestellen, deen et och ouni Problem op Plaz 1 vun den US-Country-, a bis op Plaz 2 vun den US-Popcharts gepackt hat. Live gouf de Kenny vu senge Fans fir dëse Mega-Album gefeiert. Feieren ass och d'Stéchwuert, well dësen Album däerf am Summer op kenger Countryparty feelen.

„Love for Love City“ ass ee vun den Highlights op „Songs for the Saints“. Dëse Song huet de Kenny zesumme mam Ziggy Marley opgeholl.

Den Album, ass mam typesche Kenny Chesney Crossover gewierzt. Dat heescht Countrymusek mat karibesche Kläng, an dat déi hei méi wéi op all aner Album vum Kenny. Dës Kéier jot ee karibesche Country-Ouerwuem deen aneren. Reggae ass dann och nees ugesot, wéi mir virdru schonn héieren hunn. Een anere flotten Titel, deen op Reggae-Rhythme baséiert ass „Island Rain“, eent vun de stäerkste Lidder op dësem Wierk.

Nieft dem Ziggy Marley konnt de Kenny nach zwee aner Special-Guests invitéieren. Do hu mir mol déi talentéiert amerikanesch Singer-Songwriterin Mindy Smith, mat där hien den Titel „Better Boat“ opgeholl huet.

Et gëtt jo ëmmer gesot, de Kenny Chesney wier deen neie Jimmy Buffet. Eh béiin, op sengem neien Album ass genee deen ee vun de Special Guests. Mam „Mister Margeritta Ville“ huet hien den Titel „Trying to Reason With Hurricane Season“ opgeholl, deen och vum Jimmy Buffet selwer komponéiert gouf.

A Propos Jimmy Buffet! Deen huet viru kuerzem eng ganz talentéiert Sängerin entdeckt, a se bei sengem eegene Label ënner Daach geholl. Hiren Numm ass Caroline Jones, an dat ass menger Meenung no eng vun de ganz groussen Newcomerinenn an der Countrymusek. Hiren nei Song „Gulf Coast Girl“ ass en absolute Summerhit.

An elo kënnt dee klenge Bonbon, vun deem ech iech virdru geschwat hunn. Bei „Gulf Coast Girl“ gëtt d'Caroline vun de „Pelicanaires“ begleet. D'Membere vun dësem Quartett si ganz grouss Nimm. Mat derbäi ass dem   Willie Nelson säi Bouf Lukas Nelson, dann nach de Mac McAnnaly, an déi zwee Superstaren Kenny Chesney a Jimmy Buffet.