Fir Gebuertsdag ze feieren ass et ni ze fréi. Wann de Kuch grouss genuch ass, kënne bei de Pet Shop Boys haut 65 Käerzen dropgestallt ginn.

Den 10. Juli 1954 gëtt den Neil Francis Tennant zu North Shields an England gebuer. Seng Kandheet verbréngt hien ënnert anerem op der Neil St. Cuthbert's, enger réimescher-kathoulescher Schoul, wou hien ufänkt sech fir Zeechnungen a Gedichter z'interesséieren.
Vun 1975 un schafft den Neil Tennant als Redakter fir déi britesch Branche vun de Marvel Comics wou hien d'Texter vun de Comicgeschichten vun amerikanesch an britescht Englesch iwwersetzt. Kuerz duerno schafft den Tennant och als Journalist fir déi britesch Musekszäitschrëft SMASH HITS. Dat mécht den Neil Tennant bis hien de Chris Lowe begéint mat deem hien 1981 d'Pet Shop Boys forméiert.

WEST END GIRLS ass 1984 déi éischt Single vun de Pet Shop Boys, et dauert awer nach emol zwee Joer, bis dass dat Lidd och hiren éischte groussen Hit gëtt. Zënter hir hunn d'Pet Shop Boys an 30 Joer iwwer 50 Milliounen Placke verkaf a gehéieren domat zu enger vun den erfollegräichsten aktive Bands.
De Neil Tennant huet als Songwriter deels och Kontroversen ausgeléist, esou zum Beispill 1987 wéi hien am Lidd IT'S A SIN seng Kandheet op der kathoulescher Schoul kritesch verschafft.

Privat ass de Neil Tennant e Mënsch, dee säi Liewen esou wäit ewéi méiglech aus der Ëffentlechkeet hale wëll. Eréischt zënter der Coverstory am englesche Gay-Magazin ATTITUDE 1994 ass gewosst, dass hien homosexuell ass. Den Neil Tennant ass aktiven Ënnerstëtzer vum Elton John senger AIDS-Fondatioun an engagéiert sech och politesch. Nodeems hie jorelaang ee vun de gréisste Privaten Donateuren vun der britescher Labour-Party war, ënnerstëtzt hien ewell d'Liberaldemokraten, well e sech net méi mam Programm vun den englesche Sozialisten identifizéiere konnt. Déi eng Halschent vun de Pet Shop Boys kritt haut 65 Joer.