Jamaika meets California oder "kann ee Reggae a Rock kombinéieren?". Jo kann een. Zënter elo 23 Joer mécht dat nämlech d'Grupp Dirty Heads.

Déi knaschteg Käpp ronderëm d'Sänger Jared Watson an Dustin Bushnell fannen 1996 beieneen a bréngen am August hire 7. Album Super Moon eraus. Éischt Single ass d'Lidd Lift Me Up, en typescht, wéi Si selwer soen, "Dirty Heads-Gras Lidd", och Si stinn dem Cannabis immens no. Produzent vun dësem Album ass de 4fache Grammygewënner Dave Cobb, deen och schonn de Soundtrack vun A Star is Born a fir de Chris Stapleton produzéiert huet. De Summer iwwer sinn d'Dirty Heads op Amerika-Tour fir ënner anerem hir nei Plack, grad ewéi Hits wéi Vacation an That's All I Need, ze spillen. Vun all Ticket geet een Dollar un Organisatiounen déi sech fir de gudden Zweck asetzen. A wann ee sech freet wat déi da gefëmmt hu wéi se d'Lidd Lift Me Up geschriwwen hunn, brauch een nëmmen un de Serge Gainsbourg ze denken.