Dëse Weekend féiert kee Wee laanscht den neien Album vum Ed Sheeran an och déi 3 aner Proposen dës Woch sinn am Genre Singer/Songwriter doheem.

12/07/2019 Nei Musek fir de Weekend

Mam Titel No. 6 Collaborations Project ass eigentlech alles gesot. Dem Ed Sheeran säi 4. Album lieft vun Zesummenaarbechten an ass d'Suite vun der Ep No. 5 Collaborations Project déi den Ed 2011 erausbruecht hat, deemools awer nach ouni Plackekontrakt an ouni bekannt Kënschtler. Dës Kéier kann ee vu lauter Prominenz den Duerchbléck verléieren; Justin Bieber, Khalid, Camila Cabello, Skrillex, Eminem, 50 Cent, Chris Stapleton a Bruno Mars ass nëmmen e Brochdeel vun den Artisten déi dem Ed Sheeran op No 6. Collaborations Project zur Säit stinn.

Nei ass dëse Weekend och III vum Banks. D'Banks heescht eigentlech Jillian Rose Banks an ass eng 31 Joer jonk Singer/Songwriterin aus Kalifornien. III ass, dat konnt ee sech scho bal denken, den 3. Album vun der Amerikanerin, deen, bedéngt duerch 3 Auskopplungen, Gimme, Look What You're Doing To Me a Contaminated, och scho vun e puer Kritiker bewäert ginn ass. Allgemeng gëtt festgehalen datt sech d'Banks weider entwéckelt an datt vun Album zu Album eng Evolutioun ze notéieren ass.

Nach eng Dame déi eppes Neits huet, d'Kristine Meredith Flaherty. Dat krut elo am Juni 34 Joer a lauschtert éischter op den Numm K.Flay. Hei beweege mir eis zwar och nach am Singer/Songwriter-Beräich, allerdéngs mat enger uerdentlecher Portioun Hip Hop, dat héiert een och nach zum Deel um 3. Album Solutions, obwuel deen éischter als Electropop, respektiv Pop Rock gelëscht ass. Dee kënnt iwwregens bei Night Street Records eraus, e Label deen den Imagine Dragons-Sänger Dan Reynolds gegrënnt huet.

Dope Lemon dierft an dëser Ronn am mannste bekannt sinn. Dobäi ass de Mastermind hannert dësem Projet keen Onbekannten. Den Angus Stone, Brudder vum Julia Stone an domat d'Halschent vum Duo Angus & Julia Stone, huet virun 3 Joer Dope Lemon an d'Liewe geruff. Den éischten Album Honey Bones ass 2016 erauskomm an gouf komplett am Angus Stone sengem Studio op engem Bauerenhaff opgeholl. D'Joer drop koum nach eng EP eraus an dëse Weekend ass et un Album Nummer 2 Smooth Big Cat.