Och an der Museksindustrie ass Summer; trotzdeem kommen och dëse Weekend e Grapp voll nei Placken an d'Butteker. Hei e puer Iddie wéi dir är Playlisten e bëssen opstocke kënnt.

19/07/2019 Nei Musek fir de Weekend

Et geet lass mam briteschen Talent Freya Ridings dat duerch déi britesch Versioun vu Love Island bekannt ginn ass. Net datt d'Sängerin do matgewierkt hätt, mä wärend engem ganze emotionale Moment ass Lost Without You vun de Produzenten agespillt ginn a Boom war de Shazam-Weltrekord vu Florence and The Machine gebrach. An Tëschenzäit schwätzt ee vum neien Adele a souguer d'Taylor Swift ass e grousse Fan. D'Talent dierft e bësse vum Papp kommen, dat ass de Schauspiller Richard Ridings deen ënner am Roman Polinski-Film Der Pianist ze gesinn ass. Dëse Weekend kënnt den Debutalbum Freya Ridings an d'Butteker.

Nei an de Regaler ass och Punk aus Kanada. Obwuel Sum 41 sech op Order In Decline och vun hirer sentimentaler Säit weisen, Never There, déi 3. Single aus dem elo scho 7. Album geet ënner d'Haut. Wann et awer der Grupp nogeet ass hiert neit Wierk heavy an aggressiv, an zwar sou wéi nach ni virdrun. Mat de bis ewell 4 Auskopplungen Out Of Blood, A Death In The Family a 45 (A Matter For The Time) gëtt de Comeback vun de Kanadier gefeiert, Kritiker schwätze vun der beschter Versioun vu Sum 41 an de leschte Joer.

Wat mécht iwwerhaapt de Sänger vu Creed? Gott sei Dank nach ëmmer Musek. De Scott Stapp huet erëm eng Solo-Plack a kann ëffentlech iwwer seng Drogen- an Alkohol-Sucht schwätzen. The Space Between The Shadows ass no The Great Divide a Proof Of Life dann den 3. Solo-Album vun der Stëmm vu Creed, déi haten 2007 hire leschten Album Full Circle erausbruecht. Wie Spaass mat Creed hat, dierft normalerweis mat The Space Between The Shadows och seng Freed fannen.

Mam Xavier Naidoo fënnt sech deen nächste Mann an dëser Ronn un deene sech d'Geeschter scheeden. Seng Nummer 1. Placéierunge schwätze fir sech; 6 vu sengen 9 Soloplacke stoungen op mannst an Däitschland, meeschtens och an Éisträich an och an der Schwäiz, op der éischter Plaz vun den Charts an dobäi ass déi 9. Plack eréischt vun dësem Weekend un ze kréien. Hin Und Weg ass dës Kéier e gudde Krack manner politesch, de Xavier këmmert sech op sengem 9. Album ëm d'Léift.