Mariah Carey an Justin Bieber kënnen apaken, déi längsten Zäit op der éischter Plaz vun den amerikaneschen Billboard Hot 100 Charts geet elo un de Rapper Lil Nas X.

17 Wochen op Nummer 1 an den US Charts

Fir seng EP "7", déi d'lescht Joer schonn erauskomm ass huet hien d'Lidd "Old Town Road" opgeholl, mä eréischt an der Remix-versioun, an där hien de Countrymuseker Billy Ray Cyrus mat an d'Boot geholl huet, huet et richteg gerabbelt. Zanter 17 Wochen ass dat Lidd elo ouni Ënnerbriechung op där éischter Plaz, esou laang wéi nach keen anert Lidd virdrun.

Bis elo war d'Mariah Carey déi Kënschtlerin déi am Längsten op der Nummer 1 war. Dee Rekord ass awer scho 24 Joer al, deemools war d'Diva am Duett mat der Boyband Boyz II Men 16 Woche laang op der Nummer 1. De Rekord war virun 2 Joer schonn eng Kéier an d'Wackele komm, wéi den Justin Bieber mam Luis Fonsi an dem Daddy Yankee mat hirem Summerhit "Despacito" och 16 Woche laang op der 1 waren.

Déi zwee hunn et sech och net huele gelooss fir dem Lil Nas X ze gratuléieren. Op Twitter huet d'Mariah Carey ee Bild vu sech gepost, mat enger Fakel am Grapp, déi si un de Rapper weider gëtt.

An och den Justin Bieber gratuléiert, faasst sech awer vill méi kuerz a schreift just "Congratulations".

"Old Town Road" kënnt och dofir esou gutt un, well et ee Crossover tëscht zwee Genren ass, déi an den USA immens populär sinn: Rap a Countrymusek. Fir d'Klassement vun den Top 100 kuckt Billboard, déi Firma déi di amerikanesch Charts schonn zanter 60 Joer auswäert, wéi dacks ee Lidd gestreamt gëtt, am Radio leeft a sech digital verkeeft.

An de Montero Lamar Hill, wéi de Lil Nas X richteg heescht, weist seng Freed och an engem Video deen hien op Twitter gepost huet, andeem hie mat engem Cowboy Hutt op de Sound vu sengem Hit danzt. Ganz cool, ouni eng Minn ze verzéien.